|
|
|
|
|
|
Eng kleng Stëmm héiert een aus dem Bauch vun enger schwangerer Fra:
“Mamm, setz mech op dʼWelt”. - „Wann e Kand am Bauch vu senger Mamm
scchwätze kann, da setzt et sech selwer op dʼWelt“, äntwert seng Mamm. An
esou kënnt dee butzege Kirikou op dʼWelt, an engem Duerf an Afrika, op dat
déi béis Zauberin Karaba e fierchterleche Fluch gehäit huet. Mee knapps ass
de Kirikou aus dem Bauch vu senger Mamm erausgekrabbelt, wëllt hien
d'Duerf vum béisen Afloss vun der Zauberin befreien an d'Geheimnis
opdecken, firwat si sou wéicht ass.
No sëlleche fantasteschen Abenteur kënnt de Kirikou schliesslech bis bei den Zauberbierg… |
|